Zu gudder Lescht mengen d’Leit zu Lëtzebuerg bei der Bekämpfung vun den héijen Energiepräisser, datt d’Regierung kuerzfristeg d’Energiesteiere reduzéieren (32 %) an d’Präisser fir Gas, Pëtrol a Kuel (30 %) deckelen a reguléiere sollt.
De Kris Peeters, Vizepresident vun der EIB, huet erkläert: „Am Virfeld vun der COP27-Klimakonferenz hunn d’Resultater vun der EIB-Klimaëmfro 2022 gewisen, datt d’Leit zu Lëtzebuerg der Meenung sinn, datt d’Beschleunegung vu Moossname fir d’Fërderung vun erneierbaren Energien an Energieeffizienz d’Prioritéit bei der Bekämpfung vun der globaler Energie- a Klimakris sollt sinn. Bei der EIB ënnerstëtze mir zanter ville Joren innovativ Investitiounen a propper Energie, wéi Wandparken a méi energieeffiziente soziale Wunnengsbau. Mir si bereet, eise gesamte Spektrum u Berodungs- a Finanzinstrumenter ze notzen, fir Lëtzebuerg bei enger gerechter Energiewend ze ënnerstëtzen, déi keen zeréckléisst.“
Iwwer d’EIB-Klimaëmfro
D’Europäesch Investitiounsbank huet déi fënneft Editioun vun der EIB-Klimaëmfro gestart, déi eng grëndlech Bewäertung vun der Astellung vun de Mënschen zum Klimawandel duerstellt. Déi fënneft Editioun vun der EIB-Klimaëmfro, déi an Zesummenaarbecht mat der Maartfuerschungsentreprise BVA duerchgeféiert gëtt, soll déi méi breet Debatt iwwer Astellungen an Erwaardungen am Hibléck op de Klimaschutz ureegen. Am August 2022 hu méi ewéi 28/ 000 Befroter un der Ëmfro deelgeholl, mat engem representative Panel vu Leit ab 15 Joer a fir jiddwereent vun den 30 befrote Länner.
Iwwer d’Europäesch Investitiounsbank (EIB)
D’EIB, där hir Undeelseegner déi 27 Memberstate vun der Europäescher Unioun sinn, ass d’Institutioun vun der Europäescher Unioun fir laangfristeg Finanzéierungen. Se finanzéiert héichwäerteg Investitiounen, déi zu den Ziler vun der Europäescher Unioun bäidroen. Zanter 2019 huet se hir Transformatioun an eng Klimabank beschleunegt, andeem se sech verflicht huet, op d’mannst 50 % vun hirer Finanzéierung ab 2025 fir Investitiounen ze investéieren, déi zum Kampf géint de Klimawandel an zur Verréngerung vu sengen Auswierkunge bäidroen.
Iwwer BVA
BVA ass eng Meenungsfuerschungs- a Berodungsentreprise, déi als eng vun den innovativste Maartfuerschungsentreprisen a hirer Branche unerkannt ass. BVA ass op Verhalensmarketing spezialiséiert a kombinéiert Daten- a Sozialwëssenschaft, fir Daten inspiréierend ze gestalten an d’Liewen ze ruffen. BVA ass och Member vum Worldwide Independent Network (WIN) fir Maartfuerschung, engem globalen Netzwierk vu e puer vun de féierende Maartfuerschungs- an Ëmfroentreprisë mat iwwer 40 Memberen.